sábado, 3 de maio de 2014

Foussball-Weltmeeschterschaft 2014


Déi 20. FIFA Foussball-Weltmeeschterschaft 2014™ gëtt no dem vun der FIFA decidéierte Rotatiounssystem a Südamerika ofgehale ginn.
Déi Südamerikanesch Foussball-Konföderatioun (CONMEBOL), huet sech op Brasilien als eenzege Kandidat fir d'WM 2014 festgeluecht, well an dësem Joer de brasilianeschen Foussballverband Confederação Brasileira de Futebol (CBF) 100 Joer al gëtt. Et ass déi zweet Foussball-Weltmeeschterschaft a Brasilien, wou dëst Turnéier fir d'éischt am Joer1950 ausgedroë gouf. D'Land ass domat och automatesch Ausdroungs-Land vum Konföderatiouns-Pokal 2013.
Zu de weidere Länner a Regiounen, déi Gerüchter no fir d'Ausriichtung vun der WM 2014 am Gespréich waren, zielen Ozeanien mat Australien als Ausdroungs-Land, Kolumbien, d'USA, d'Volleksrepublik China souwéi als gemeinsamen Ausriichter den Iran a Jordanien an Asien.

Nenhum comentário:

Postar um comentário